Voilà, e puer Andréck aus NY: hektesch, natierlech vill Wolkenkratzer, vill Taxien (15000), schnell, vill touristen, vill Musicals, wat mech nervt: amplaz hieren Serveurs/serveusen en anstännege Salaire ze gin, mussen d'clients emmer en tip op alles droprechnen an wehe et mecht een dat net richteg!!!
Eng Kéier wore mer an engem asiateschen restaurant an mer haten net genuch drénkgeld gelooss. Dun koum d'serveuse direkt an huet gemengt, dat wier net richteg, bei hinnen géif dat emmer sou gemaach gin etc. dun koum nach en aneren serveur an huet eis et och nach eng Kéier erklärt. d'drénkgeld as also super wichteg fir si!
de leschten daag fir zréck op den Flughafen haten mer en taxichauffeur, deen eis e bessen säin Liewen verzielt huet an seng Gedanken iwert d'Politik. Hien mengt, den Obama géif zevill schnell changementer wellen an d'Amerikaner hun hien dowéinst net méi sou gäer wéi am Ufank. Den chauffeur selwer hat den Clinton am léifsten, deen war anstänneg. Hien mengt och, dass d'Hillary déi capabelst wäer am Moment. Den armen Chauffeur huet MS. Bei eis géif en dann net méi schaffe goen, mee dohannen besteet d'Liewen méi aus Schaffen. Schaffen as gudd ugesin an dat as éierbar, ech mengen och, méi wéi zu Letz. wou een haaptsächlech schafft fir d'Vakanz an d'Fräizäi an d'Pensioun an net wéinst dem Schaffen.
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire