Genervt genervt genervt. ech maache mer och emmer zevill aus enger Saach, déi et net wert as.
Ech sollt den 13. Dezember en Solo mat der Musék spillen. Den Concert gouf awer lo verluegt op den 20. Dezember. (well d'Musék virdrun net gecheckt hat, ob den 13. iwerhaapt als Datum a Fro kéim, e bessen inkompetent nennt een dat) Deen Daag wollt ech awer mol rem eng Kéier an d'Schivakanz fueren (wor säit 3 Joer net méi.). grummel . .... tjo, dann spillen ech alt dee Concert rem eng Kéier net mat. Et gin eben Leit, déi Kreschtdaag an d'Vakanz fueren, well dann manner Leit an d'vakanz fueren, well déi meescht Sylvester gin. Voilà.PUNKT.
Et as bal all Joer dat nämlecht...... Mee dann awer drop pochen, dass se mech jo sou bräichten, well soss keng aner kapabel Klarinett do wier. egal wat.
sorry fir meng Roserei
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire