geschter sin ech vun engem Kärcher-Geräisch erwäscht gin, haut vun enger See. Naja.... Villercher wäeren méi schéin gewiescht, kann een wuel net zevill verlaangen.
An bessen méi wéi enger Woch fléien ech bei d'Amien vir d'éischt an dono bei d'Kanadier (seet een dat sou?). Dono kommen dann ausféierlech Kommentarer dozou. D'Amien sin schon komesch Leit, déi Angschthuesen. Wann een bei si well, muss een sech vir d'éischt beim FBI umellen an do all méiglech Froen beäntweren, ech fannen dat méi wéi iwerdriwwen, mee bon... wat witzeg as: dohannen fueren se méi lues auto wéi hei. 70 km/h as do wéi hei 90 km/h. si fueren also méi gemittlech wéi mir, dat fannen ech awer guer kee Feeler. et géif eis och mol gudd doen, mol méi lues ze fueren. Amplaz vun enger Plaz op déi aner ze hetzen, kéint een jo och mol méi zäit aplangen an mol mi fréi fortfueren. Kéint een. ...
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire