virwat si vill Leit eigentlech sou verréckt dono, sech an d'virtuell öffentlechkeet wellen ze stellen? Facebook as en gudd beispill dofir. Ech well guer net déi gudd säiten vu Facebook erof maachen, mee ech mengen, dass verschidde Leit hiert privat Liewen vill ze vill an de Virdergrond stellen. Vun all Vakanz, vun all Ausfluch, vun all Party Fotoen drop ze setzen, as dat net zevill dees Gudden? Huet een do nach Loscht, no den richtegen Fotoen ze froen? huet een do nach Loscht, d'Fotoen mat der Persoun zesummen ze kucken an driwwer ze schwätzen? Dat huet een virun Facebook jiddenfalls nach ganz oft gemaach. Lo hun ech d'Gefill wéi wann Fotoen eppes ganz banales gi wieren.
wéi ee Bedierfnis stellt sech dann do an? No voyeurismus? Ech verstin net, dass een esou vill Rummel em seng Persoun ka maachen. Meeschtens sin d'Leit dann natierlech ganz schéin op deene Fotoen, sin chic ugedoen an gestylt. Et gi wuel anscheinend keng Fotoen méi, wou eppes schief drop as, een net perfekt kuckt oder laacht. Am Zäitalter vun den digitalen Fotoen gin et sou Fotoen bal nemmi.
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Du sees et. E puer partyfotoen ok, mee vunn all freiden owend wu een alt nees o eraus wua ('t ass besonnesch onspannend wann een all weekend op dei selwecht plaatz matt deenen selwechten leit geet, an genau dei stellen all eenzel foto online), verwackelt fotoen wu een souwisou näischt erkennt... Verstinn dat och net. Naja.
RépondreSupprimer